{"posts":[{"post_id":15,"title":"CISM – Video","content":"","featured_image":"http:\/\/cism.lu\/admin\/wp-content\/uploads\/2016\/10\/Foto-16.11.16-17-20-26-copie.jpg","video":"jt_Jz2BhtdU","parent_hash":null,"page_hash":"","slug":"media-1","date_add":1480159660,"date_updt":1480434497,"orderindex":0},{"post_id":63,"title":"CISM – Chr\u00ebschtdag Video 2016","content":"","featured_image":"http:\/\/cism.lu\/admin\/wp-content\/uploads\/2016\/12\/P1010407-800x533.jpg","video":"lKRZcL-L560","parent_hash":null,"page_hash":"","slug":"chreschtdag-2016","date_add":1480931342,"date_updt":1481107663,"orderindex":0},{"post_id":70,"title":"CISM – Mannequin Challenge","content":"","featured_image":"http:\/\/cism.lu\/admin\/wp-content\/uploads\/2016\/12\/P1010420-800x533.jpg","video":"-ezd003DDpg","parent_hash":null,"page_hash":"","slug":"cism-mannequin-challenge","date_add":1481107629,"date_updt":1481107880,"orderindex":0}]}
News
Kiermesbal zu Menster – 19.11.2022
01 Februar 2023
"T'ass Kiermes am Duerf, an de Spillmann ass do..."
- Kiermesbal, Centre Culturel zu Menster
- 19. November 2022
- 18:00-22:00: Kiermesteller op Bestellung - 22:00-03:00: Kiermesbal (80's & 90's Party)
Iessen ab 18:00 Auer:
Op Reservatioun zerwéieren mir gutt gefëllte Kiermesteller (20€) mat entweder Ham an allerlee Charcuterie, Kéis, oder engem Mix vu béidem. D'Entrée fir op de Bal ass inclus.
D'Reservatiounen lafen ab dem 10.10.22 iwwer:
info@cism.lu oder 661 727 854 (MO-FR 18:00-19:00)
Kiermesbal ab 22:00 Auer:
Ab 22:00 Auer leet den DJ Sébi déi beschten Hits aus den 80er an 90er op.
Fir genuch Gedrénks a géint de klengen Honger tëschenduerch ass natierlech beschtens gesuergt.
Oweskeess: 5€
Opening Days vum CIS Mensdorf – 18. an 19. Juni 2022
01 Februar 2023
Den 18. an 19. Juni ass et esou wäit: grouss Aweihungsfeier vun der neier Pompjeeskasär vum CIS Mensdorf op der Rouduecht, organiséiert vun der Amicale vum CIS
De Programm am Iwwerbléck:
18. Juni (ab 14h00): Bodykicker-Tournoi fir Pompjeesekippen
18. Juni (ab 20h00): grouss Opening-Party mat DJ am Zelt
19. Juni (ab 11h00): traditionell Porte Ouverte mat Grillfest an Animatioun de ganzen Dag
De Programm am Detail:
SAMSCHDES, 18.06.
Bodykicker-Tournoi
14 Ekippen vun 5-8 Leit (1 Goalkipp + 4 Feldspiller + max. 3 Ersatzspiller), Mindestalter: 16 Joer
Start: 14h00 / Finall: 20h00
Wichteg: Et kënnen nëmmen Ekippen vun aneren Pompjeescorpsen deelhuelen.
Umeldung: info@cism.lu
Opening-Party
Uschléissend: Mega Party am groussen Zelt
Stëmmung garantéiert / Special Drinks / DJ
Start: 20h00
Entrée: 5€ (gratis fir d’Ekippen)
SONNDES, 19.06.
Porte Ouverte
Programm:
Geféiert Visitten duerch den neie Pompjeesbau / Ausstellung vun eisem Material an de Gefierer / Virféierung vun eise Jugendpompjeeën (14h00) / Kanneranimatioun a Sprangschlass / Concert-Apéro vun der Menster Musék (11h30) a Concert am Nomëtteg vun der Ouljer Musék (14h30)
Iessen & Gedrénks:
2 verschidde Platen op Reservatioun:
Menu A: Waarm Ham mat gebootschte Gromperen (18,00€)
Menu B: Roud Rommel-Knödel Botter-Salbei-Zooss (17,00€)
+ Zalotevariatiounen
+ Taart
Reservatiounen bis spéitstens den 10.06. iwwer: info@cism.lu oder 621 317 701 (MO-FR 18h-19h)